Austausch-Gruppen vun der Fondation Autisme Luxembourg

Ab dësem Mount ass et rëm sou wäit!


No enger klenger Paus starte rëm d‘Kompetenz-Gruppe fir sozial Fäegkeeten als Presenz-Veranstaltung sou wéi d’Austausch-Gruppe fir Eltere vun der Fondation Autisme Luxembourg!


Den Austausch mat anere Betraffenen ass essentiell, fir sech net eleng a senger Situatioun ze fillen a bitt zudeem eng gutt Méiglechkeet, fir sech iwwert gemeinsam Probleemer auszetauschen an zesummen nei wäertvoll Strategien ze entwéckelen!


Du fills dech ugesprach a géifs gären un enger vun dëse Gruppen deelhuelen? Dann zéck net dech bei eis ze melle per Mail un information@fal.lu oder iwwert Telefon um 26 91 11 – 1!


Gutt ze wëssen: D’Participatioun ass fräiwëlleg. Du kanns och just 1 oder 2 mol laanscht kucke kommen an dono decidéieren ob du weiderhi mat maache wëlls oder net.


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #autismus #austauschgrupp