D'Florence Ludovic, 22, ass an der nächster Ronn beim Heidi Klum senger Model-Casting-Show "Germany's Next Topmodel" (GNTM). Um Donneschden Owend huet et di jonk Fra aus Capellen ouni vill Gedeessems ënnert di 21 lescht Modellen an der Pro7-Fernseh-Show gepackt. Wéi schonn an de Sendunge virdru war vum Florence net allzevill ze gesinn. Dëst ass och der véierfacher Mamm Klum opgefall: "Florence du bist zu unauffällig".
Dem Ex-Victoria-Secrets-Model no mist d'Florence e puer Schëppen bäileeën, fir och di nächst Wochen z'iwwerstoën. Expérienz huet di franséisch Lëtzebuergerin viru ronn 3 Joër beim Concours "Top Model Belgium" gesammelt, deen di 22-jähreg Brünette gewannen konnt.
Schued fir d'Zuschauer aus dem Grand-Duché: Bei alle Sequenzen ass d'Ex-Schülerin aus der Privatschoul Fieldgen kaum am Bild ze gesinn. Si hält sech diskret am Hannergrond op.
Um Donneschden stoung een Horror-Foto-Shooting mat Raten um Programm. Doniewent hunn dem Heidi seng Meedercher probéiert, fir ee Royal Guard virum Buckingham Palace zu London mat ënner anerem vill Haut ofzelenken. Zum Schluss vun der emstriddener Pro7-Sendung huet de 17.Mäerz ee "Blind-Walk" op d'Florence an hir dacks zickeg Frendinnen gewaart.
Dem Florence seng Fan-Gemeinschaft wäert elo gespaant op de nächsten Donneschden - fir di 4. Folleg vun der aktueller GNTM-Staffel.
D'Mandy Graff aus Ollem huet et bekanntlech an der 2.Staffel vu GNTM viru ronn 4 Joër ënnert d'Top 5 gepackt.
Foto: © ProSieben/Oliver S.