Wanderungen fir Persounen mam Asperger-Syndrom

Dëse Summer gëtt sportlech bei der Fondation Autisme Luxembourg!


De 5. an 12. September organiséiert eisen Déngscht fir Fräizäitaktivitéiten zwou Wanderungen zu Nommern fir Persoune mam Asperger-Syndrom ab 16 Joer.


Treffpunkt : 18 Auer um Parking vum Europacamping Nommerlayen
Parcours: „Circuit auto-pédestre Nommern I“, (2 Stonnen).


Du bass interesséiert a wëlls den Norde vum Land op eng originell Aart a Weis entdecken? Da mell dech ënnert loisirs@fal.lu oder per Telefon un 26 91 11 – 1.


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #Autismus #Wanderung #Sport #Asperger