D’Fanfare Royale Grand-Ducale Lëtzebuerg-Gronn-Fetschenhaff-Cents-Polvermillen an d’Harmonie des Jeunes «Prince Guillaume » hu Sonndes, de 9. Mäerz 2025 hier 173. Generalversammlung ofgehalen. De Musekssall war gutt gefëllt a vill vun eise befrënten Veräiner aus eisem Quartier ware vertrueden. No der Begréissung huet d’Assemblée eng Gedenkminutte ofgehalen fir hier verstuerwe Memberen, ganz besonnesch fir eisen Éiere-Vize-President Gilbert Girsch an eisen Éiere-President Willy Schosseler, déi eis am Laf vum Joer 2024 fir ëmmer verlooss hunn. De President Pit Keller huet a senger Ried e Réckbléck op di lescht 5 Joer gemaach, an deenen hien de Veräi geleet huet. D’Musek huet a sengen Aen eng ganz gutt Evolutioun gemaach, an et kuckt ee ganz optimistesch an d’Zukunft. Duerno goufen de Rapport d’activités vun der Sekretärin Carole Gallion an de Rapport financier vun der Tresorière Ulli Schiltz-Schubert virgedroen. A béiden Domainer war de Veräi ganz fläisseg an huet deementspriechend mat enger ganz positiver Bilanz d’Joer 2024 ofgeschloss.
Duerno krut de Chef de musique François Schammo d’Wuert an huet erkläert, wéi hien d’Joer aus senger Siicht als Chef erlieft huet an dobäi och dem Comité fir di einfach a gutt Zesummenaarbecht Merci gesot. Nom Chef vun der grousser Musek war et dunn um Sarah Czech wat säit September 2024 nei Cheffin vun der Jugendmusek ass. D'Sarah ass bis elo ganz zefridde mat deem Resultat, wat an där kuerzer Zäit konnt erreecht ginn. Zousätzlech huet de Roland Schiltz, Vize-President a Responsabel vun der Harmonie des Jeunes, ee klengen Abléck an d’Jugendmusek ginn.
No der Fixatioun vun de Cotisatioune stoungen dunn d’Wale fir de Comité um Ordre du jour. Am Joer 2024 hunn d’Sarah Czech an d’Jenni Pauwels de Comité verlooss an d’Véronique Jeck-Michaely huet säi Mandat net verlängert. De President huet hinne villmools Merci gesot fir hire Support. Leider gouf et keng nei Kandidatur fir de Comité sou dass deen elo nach aus 8 Leit besteet.
No de Wale fir de Comité goufen eng Rei Leit fir hier laangjäreg Präsenz an eisem Veräi geéiert. Sou kruten d’Sandrine Antonelli, d’Julie Rotink, d’Quan Yuan an de Jonathan Hadji-Minaglou d’Spéngel vun eisem Veräin, well si am Joer 2024 nei an eise Veräi komm sinn. Vun der Union Grand-Duc Adolphe gouf et den Insigne fir 5 Joer fir d’Marie-Josée Litampha an d’Emma Anita Padovani. Da kruten de Georges Lentz jr. an de Bob Lanners d’Médaille en bronze fir 10 Joer, de Noah Desquiotz d’Médaille en argent fir 20 Joer an d’Annette Rapp-Braun d’Médaille en vermeil avec Palmettes fir 40 Joer. D’Medaillen goufen iwwerreecht vun den Delegéierten Angèle Michels-Unsen a Jean Schammo. Vun der Union des sociétés de musique de la Ville de Luxembourg kruten de Luc Lauer eng Médaille en bronze fir 15 Joer, d’Ulli Schiltz-Schubert an d’Annette Rapp-Braun eng Médaille en Or avec palmettes fir 45 Joer. Des Medailen si vum Vize-President vun der USMVL, dem Marc Mertz, iwwerreecht ginn.
Duerno hunn d’Vertrieder vun der USMVL an der UGDA, esou wéi Vertrieder vun anere lokale Veräiner, e puer Wuert un d’Leit geriicht.