Bichermaart 2012 zu Zéisseng: Den Aarbéchtsopwand huet sech gelount!

De Week-end vum 4./5. Februar hunn déi Zéissénger Veräiner fir d'7. Kéier hiren Bichermaart organiséiert. Eng Woch virdrun ass et scho lass gaangen mam Plënnere vum Stock a mam Araume vun de Bicher, déi all den Themen an de Sproochen no triéiert sinn. Et si vill Leit dem Opruff nokomm, hir Bicher, fir déi sie keng Verwendung méi hunn fir de gudden Zweck ze stëften. Duerch dee wirklech moderaten Kilos-Präis vun 3.- €, dee während dene 7 Joren nach net changéiert huet, war et neess méiglech, eng duebel Zielsetzung ze realiséieren - nämlech d'Freed um Liesen hei zu Lëtzebuerg ze förderen a Bildungsprojekte an der ganzer Welt z'ënnerstëtzen. Et kann ee soen, dass ongeféier 3 Tonne Bicher dee Week-end verkaaft gi sinn, an zesumme mam Verkaf vun Luxemburgensia an dem Erléis vun der Kaffisstuff ass d'Finanzéierung vun den 2 Studenteboursen an engem Gesamtwäert vun 10800.-€ méi wéi assuréiert. D'Zéissénger Veräiner soen dene ville Leit, déi sie all Joer ënnerstëtzen, doduerch, dass sie Bicher bréngen a Bicher kafe kommen, en häerzleche Merci! (Fotos: Lucie Polfer/Liliane Zangerlé)

More news by Entente des Sociétés Cessange - Zéissénger Veräiner >