Gebuertsdagsfeier am HPPA St.François Klierf

Kierzlech ass am HPPA St.François zu Klierf den Gebuertsdag vun den Bewunner gefeiert ginn, déi an den Méint Abrëll, Mee an Juni Gebuertsdag hunn. 28 Bewunner kruten vun der Direktioun gewënscht an dono gouf zesummen mat den Familljen am Restaurant bei engem gudden Maufel an Pättchen gefeiert. Während dem ganzen Owend huet den Jeannot Conter mat senger flotter Danzmusek fir gutt Stëmmung gesuergt an d’Bewunner an hir Familljen hunn profitéiert, fir deen oder aneren Tour ze danzen. Folgend Bewunner sinn geéiert ginn: M.Schaus, Sr.Michels E., Mme Boulanger-Cannels, M.Jacoby, Mme Breuskin-Patz, Mme Karm-Pleimelding , Mme Diederich-Doemer, Mme Bock-Schank, Mme Steinmetz-Verscheuren, Sr.Enders M., Mme Dell’Aia-Laricchia, M.Bock, M.Miller, Mme Diederich-Clesen, Mme Finck-Meyrath, Mme Bisenius-Willems, Mme Marnach-Colles, Mme Arend-Schmit, Mme Bruna, Mme Jacobs-Goebel, Mme Radelet-Ronveau, Mme Majerus-Bauler, M.Karm, Mme Schmit-Cannar, Mme Thines-Freichel, Mme Lallemand-Gales, Mme Weber-Heinen,Mme Braas-Schroeder.