Gebuertsdagsfeier am HPPA St.François zu Klierf

Kierzlech ass am HPPA St.François zu Klierf den Gebuertsdag vun den Bewunner gefeiert ginn, déi an den Méint Januar, Februar an Mäerz Gebuertsdag hunn. 25 Bewunner kruten vun der Direktioun gewënscht an dono gouf zesummen mat den Familljen am Restaurant bei engem gudden Maufel an Pättchen gefeiert. Während dem ganzen Owend huet den Rol Girres mat senger flotter Danzmusek fir gutt Stëmmung gesuergt an d’Bewunner an hir Familljen hunn profitéiert, fir deen oder aneren Tour ze danzen. Folgend Bewunner sinn geéiert ginn: Mme Lentz-Thill, Mme Jacobs-Kohl, Mme Thill-Miny, Mr.Foetz, Mme Turpel-Jacoby, Mr. Feuster, Mme Fink-Parisot, Mme Gretz, Mr.Weiler, Mme Kneip-Mersch, Mme Munkler, Mr. Pleger, Sr Habscheid V., Mme Birchen-Schuller, Sr Schauster H., Mme Krausch, Mr. Rieth, Mme Noé-Diederich, Mme Massen-Wehles, Mme Haag-Heck, Mme Clement-Lis, Mme Gindt, Mme Bissener-Peiffer, Mme Kayser, Mr.Noé