"d'Feierowendsänger" vu Colmer-Bierg feieren hiren 10. Anniversaire

Am Joer 2013 gouf d’Initiative ergraff een neien Ensemble vocal entstoen ze loossen, bei där d’Freed um Zesumme-Sangen am Mëttelpunkt stoe sollt, ouni awer heibäi den Usproch un déi musikalesch Qualitéit aus den An ze verléieren. Esou koum et, datt nach am selwechte Joer, wärend der Adventszäit, ronn zéng Leit hir éischt Prestatioun um Kiosk vun der Place d’Armes hunn duerfen zum Beschte ginn, dat Ganzt ënnert der Leedung vum Ronny Mergen. An de Joren duerno huet de Chouer Joer fir Joer u Membere gewonnen an ass zu engem véierstëmmege gemëschte Sängergrupp gewuess, deen seng Erausfuerderunge souwuel am weltlechen, wéi och am sakrale Repertoire sicht, a bis haut d’Freed un der Saach ni aus den An verluer huet an dëst gäre bei engem gemittleche Patt no der Prouf zesummen ausklénge léisst. Den Adventsconcert aus dem Joer 2019 war sécherlech ee vun de musikaleschen Héichpunkten. Och d’Feierowendsänger goufen duerno awer leider net vun der Covid-Pandemie an hire Konsequenze verschount. Zesumme musizéiere war op ee Mol net méi méiglech an net all Member huet de Wee no der Pandemie zréck an de Proufsall fonnt, wat eng Ëmstrukturéierung mat sech bruecht huet. Aus engem véierstëmmege gemëschte Chouer ass een dräistëmmegen Dammechouer ginn, deen awer och erëm nei Memberen ugezunn huet an de Chouer op en Neits wuesse gelooss huet. Mat Stolz kënnen d’Feierowendsänger, zesumme mat hirem Dirigent dem Ronny Mergen, elo op hir éischt 10 Joer zeréck kucken a blécke mat grousser Virfreed op hiren Adventsconcert 2023 «Sing We Now of Christmas», deen den 2. Dezember um 19.30h an der Porkierch zu Duerscht an den 3. Dezember um 17.00h an der Porkierch zu Colmer-Bierg wäert gesonge ginn.