Adventsfënster um Virowend vun Niklosdag
to see more pictures.
Um Virowend vun Niklosdag, ass zu Konsdref bei der Kierch eng bësse méi speziell Adventsfënster opgemaach ginn. Et ass eng Fënster, déi scho bësse méi laang prett ass, iwwer 100 Joer verschéinert d’Fënster mam Hellegen Niklos schonn eis Kierch fir genau ze sinn.
Et ass de Versuch fir ze weisen wat mir hunn u Patrimoine an eisen Dierfer, an eise Kierchen an och emol no baussen ze weisen, wat en soss just vu bannen gesäit. Schliisslech dréine mir vun der KuPa gären emol eppes ëm oder kommen mat engem aneren Bléckwénkel.
Eent vun eisen Ziler ass et eist gebaute kulturellt Iewen net nëmmen ze versuergen, mee och en Valeur setzen a wéi geet dat besser wéi se an eis Adventsfënsteren an domat an eis Gemeinschaft mat anzebannen.
D’KuPa seet merci, dat esou vill Leit sech eis Fënster, déi effektiv u sech eis all gehéiert, kucke komm sinn, e Patt mat eis gedron hunn an ganz am Sënn vum Kleeschen gedeelt hunn an äifreg fir de gudden Zweck gespent hunn.
Grousse Merci och un de Kleeschen, den eis besicht huet a mat senge Gowen beschenkt huet.
#adventsfenster2025 #adventsfënster2025 #adventsfënster2025gemengkonsdref
Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf - OSBC
#konsdref #kierchKonsdref #Kleeschen