Dëst Joer kënnt Dir an der Gemeng Konsdref wärend dem Advent 24 flott Adventsfënstere bewonneren.
De ganzen Advent iwwer gëtt all Owend bei engem aneren Haus eng Adventsfënster ëm 18 Auer feierlech opgemaach, mol als “Stëllfënster” mol als “aktiv, lieweg Fënster” wou jiddereen d’Fënster bäi gemittlechem Zesummesinn ukucke kann (wgl. eng Taass matbréngen).
No an no sinn esou flott dekoréiert Fënstere bei verschiddenen Haiser duerch d’Gemeng ze entdecken, a mir kënnen eis op d’Fest vu Chrëschtdag astëmmen. Vill Fënstere wäerte bis Dräikinneksdag gewise ginn.
Wärend der ganzer Aktioun “Adventsfënsteren” maache mir eng Quête ze Gonschte vun „Elisabeth - Am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg“. Gären dierft Dir eis ënnerstëtzen: entweder deen Owend an eis Sammelkëscht, per Payconiq oder op de CCPL-Konto vun den “Oeuvres St Barthélemy” LU16 1111 7047 3429 0000.
Als groussen Ofschloss invitéiere mir Iech elo scho fir sonndes den 11. Januar 2026 an d’Kierch op Präitler, fir ëm 15.30 Auer den Erléis ze iwwerreechen.
www.cathol.lu/stbarthelemy
#Adventsfënster2025GemengKonsdref
#Adventsfënster2025
Instagram: oeuvresstbarthelemyconsdorf
Facebook:
https://www.facebook.com/OeuvresSaintBarthelemyConsdorf