Aktivitéiten bei den Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf
to see more pictures.
An de vergaangene Méint hunn d’Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf mat vill Engagement a Solidaritéit verschidden Aktioune realiséiert, déi souwuel Mënschen an Nout ënnerstëtzt wéi och d’Gemeinschaft an der Gemeng an doriwwer eraus gestäerkt hunn.
Am September gouf wärend der Kiermesmass dem Här Paschtouer Morbach Carlo zu sengem 40. Priisterjubiläum gratuléiert an him fir säi laangjäregen Asaz am Déngscht vun der Kierch Merci gesot.
Am November gouf bei der traditioneller „Aktioun Liewensmëttelpäck“ matgemaach. Dank der grousser Bereetschaft konnte mir Päck an och Decken, Kannerkleeder, Spillgezei op Ollem an de Siège vu „Kanner- a Familljenhëllef“ féieren. Donieft goufe Spenden op de passende Konto iwwerwisen – alles an allem konnt d’Organisatioun dëst fir Chrëschtdag u Persounen a Familljen an enger schwiereger Situatioun a Rumänien an an der Ukrain verdeelen. Dës Aktioun ass zanter Joren e staarkt Zeeche vu Matgefill a Solidaritéit an eiser Gemeng.
Um Chrëschtmaart ware mir dee ganze Weekend mat eisem scho säit Jare bekannten “Zoppestand” dobäi – eegen hausmaacher Wanterzoppen hu mir ugebueden.
An der ganzer Adventszäit huet d’Aktioun Adventsfënsteren d’Bierger an eng besonnesch Stëmmung versat. Verschidde Fënsteren duerch d‘Gemeng goufe festlech dekoréiert a konnte bewonnert ginn. Als Ofschloss konnt een an der Konsdrëffer Kierch wärend der ganzer Chrëschtdagszäit schéi Krëppercher bewonneren an ee Moment Rou a Besënnung genéissen.
Den 11. Januar 2026 koum et zu eiser Scheckiwwerreechung zu Präitler an der Kierch. Am Ganze konnte 4.000 Euro un d’”Elisabeth – am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg” iwwerreecht ginn. Dëse Montant ass duerch d’Quête vum Concert „Uergel a Flütten“ am Juli an duerch d’Aktioun Adventsfënsteren zesummekomm. Zousätzlech goufe vun de Massendénger aus der Gemeng Konsdref, zesumme mat de Konsdrëffer Klibberkanner nach 500 Euro als Deel vum Klibberloun vum Klibberen zu Konsdref bäigedroe ginn – e flott Beispill vu jonkem Engagement a sozialer Verantwortung.
No ville Jare „Paus“ hu mir um Virowend vu Liichtmëssdag eng kleng Liichtfeier an der Kierch zu Konsdref fir all Kanner aus der Gemeng Konsdref ugebueden. Dës Feier huet Kanner mat Elteren a Grousselteren zesummebruecht an e gemittlechen a besënnleche Moment gebueden, fir d’Liicht als Symbol vun Hoffnung a Léift ze feieren.
D’Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf seet all deenen e waarme Merci, déi eis mat Spenden, Hëllef oder Präsenz ënnerstëtzt hunn a freeë sech schonn op weider Initiativen am Déngscht vun der Solidaritéit an dem Zesummeliewen an eiser Gemeng an doriwwer eraus.
Text a Fotoen: Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf asbl.
www.cathol.lu/stbarthelemy