Éischt Generalversammlung vun der KuPa
to see more pictures.
Den 26. Februar 2026 huet de Veräin Kultur a Patrimoine Konsdref (KuPa), gegrënnt am Mee 2025, seng éischt Generalversammlung am Centre Culturel „Kuerzwénkel“ ofgehalen.
De Programm huet mat engem interessante Virtrag vum Dr. Claude Petit vum Natur- a Geopark Mëllerdall zum Thema „D’Regioun Mëllerdall an hire Patrimoine“ ugefaangen. Hien huet d’geologesch, natierlech, kulturell an immateriell Besonneschkeete vun der Regioun ervirgehuewen.
No enger klenger Stäerkung huet d’Generalversammlung ugefaangen. De President huet d’Gäscht begréisst, dorënner Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot an d’Deputéiert Octavie Modert. Hien ass op d’Entstoe vum Veräin agaangen, dat am Kontext vum geplangten Ofrëss vun der Maison Lauer am September 2024 steet. Aus enger Initiativ ass am Fréijoer 2025 d’Grënnung vum Veräin entstanen, mam Zil, de lokale Patrimoine ze schützen an opzewäerten.
D’Sekretärin huet den Aktivitéitsrapport presentéiert, d’Tresorière d’Finanzen. De Kommitee krut Entlaaschtung. Nei Memberen am Kommitee sinn d’Julie Meyer an de Max Weber. Fir 2026 sinn nees verschidden Aktivitéiten a Projete geplangt: kleng thematesch Virträg mat Visitte an Initiativen zur Sensibiliséierung fir de lokale Patrimoine. Am Kader vum geplangte „Retro-Owend“ 2027 rifft d’KuPa d’Bevëlkerung dozou op, Fotoen, Bildmaterial a Postkaarten ze deelen, déi weisen, wéi d’Dierfer an der Gemeng Konsdref virum Joer 2000 ausgesinn hunn. D’Material gëtt digitaliséiert a bleift am Besëtz vun de Proprietären. Interesséiert kënnen sech mellen ënnert: kupakonsdref@gmail.com.
D’Versammlung huet och iwwert eng Memberschaft bei der Lëtzebuerger Denkmalschutzfederatioun ofgestëmmt, fir sech landeswäit besser ze vernetzen.
Den Här Buergermeeschter huet d’Wuert ergraff an der KuPa fir hiren Asaz am Déngscht vum lokale Patrimoine Merci gesot an hofft op eng gutt Zesummenaarbecht.
De Veräin seet alle Memberen an Ënnerstëtzer ee grousse Merci a kuckt motivéiert an d’Zukunft.