Merci Jemp - Generalversammlung Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf


No engem Joerzéngt un der Spëtzt vun den Oeuvres Saint Barthelemy Consdorf (OSBC) geet eng wichteg Ära op en Enn: De Jean-Pierre Origer, besser mam Numm „Jemp“ bekannt, huet decidéiert, säi Mandat net méi ze verlängeren.

De Jemp Origer war net nëmmen iwwer vill Joren eng trei Kraaft am Komitee an am VeRäin, mee och ee vun de Matgrënner. Vun Ufank un huet hien sech mat vill Häerzblutt an Engagement fir d’Ziler an d’Entwécklung vun der OSBC agesat. Ënner senger Leedung konnt de Veräin sech weiderentwéckelen an eng wichteg Roll am lokale Liewen iwwerhuelen.

Säi grousst Engagement, seng Disponibilitéit an seng Motivatioun hu vill dozou bäigedroen, datt d’OSBC haut do steet, wou se ass. De Jemp war ëmmer eng zouverlässeg an engagéiert Persoun, déi sech fir d’Interesse vum Veräin an hir Memberen agesat huet.

Mat sengem Récktrëtt geet eng bedeitend Etapp op en Enn, mee säi Bäitrag bleift fest an der Geschicht vum Veräin verankert. De Jemp wäert der OSBC weiderhinn als Member erhale bleiwen.

D’OSBC seet him villmools Merci fir seng Aarbecht an säin Asaz iwwer déi lescht 10 Joer a wënscht him fir d’Zukunft nëmmen dat Bescht.