Niklosexpo an der Kierch zu Konsdref

Vum 9. bis den 23. September 2026 invitéiere mir op d'Niklos-Expo an der Kierch zu Konsdref – eng interaktiv Ausstellung ronderëm den hellege Niklos.

D'Expo ass all Dag vun 8.30 - 18.30 Auer op.

D'Ausstellung gëtt organiséiert vun der Erwuessenebildung a Kooperatioun mat Kultur a Patrimoine Konsdref, mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Par Regioun Iechternach St. Willibrord, der Gemeng Konsdref a villen aneren.


Wärend der Expo ginn och extra Féierungen fir Kannergruppen resp. Senioregruppen ugebueden. Am Kalenner sinn nach Plaze fräi - zéckt net fir Är Kannergrupp/Schoulklass/Senioregrupp unzemellen.
#kierchkonsdref #konsdref
#Iki #immaterielltkulturiewen #kleeschen #niklos #niklosexpo

Dir dierft och mat ausstellen: Mat Ärem Bäitrag hëlleft Dir, d'Geschicht an d'Traditioune ronderëm de Kleeschen lieweg ze halen an engem grousse Publikum ze weisen.


Interesse fir mat auszestellen?
Mellt Iech bei: kupakonsdref@gmail.com