D'Grondschoul vun Contern spend 2.000 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'Schüler aus der Grondschoul Contern hunn zesumme mat hirem Léierpersonal d'läischt Joer een Adventsmaart organiséiert. Si hu mat vill Engagement a Freed esou Geld gesammelt dat fir de gudden Zweck gespent soll ginn. D'Kanner hunn zesumme mat hirem Léierpersonal decidéiert dass Kollekt an Héicht vun 2.000 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent gëtt an esou de Kanner ka gehollef ginn deenen et net esou gutt geet. An engem flotte Kader hunn d'Schüler der Fondatioun dee ganz generéise Scheck iwwerreecht. www.fondatioun.lu