Grouss Botz zu Conter | 29. Mäerz 2024

De Freideg, 29. Mäerz, huet d’Gemeng Conter hir grouss Botz organiséiert. De Schäfferot seet jidderengem villmools Merci, deen trotz dësem Wieder, de Wee op Conter gepackt huet fir den Dreck, deen aner Leit an d’Natur geheien, oprafen ze goen an eis ze hëllefen eis schéi Gemeng propper ze halen.

E grousse Merci geet un eis Schoulkanner mat hirem Léierpersonal, eise Service technique, eis Bierger a Kommissiounen esou wéi eis Betriber aus der Industriezon.