Haut ass Liichtmëssdag - Luet är Fotoen vu Liichtmëssdag gratis bei mywort.lu erop !

Haut ass et da rëm endlech souwäit et ass Liichtmëssdag an d'Kanner kënnen et kaum erwaarden de Mëtteg liichten ze goen. Stolz wäerten d'Kanner mat hiren deelweis sëlwer gebastelten Lampionen vun Dier zu Dier goen an hiert Liichtmësslidd zum bëschte ginn.

"D'Sécurité routière" gëtt de Kanner an hiren Elteren och e puer Tipps mat op de Wee wéi z.b. ëmmer um Trottoir ze goen, am beschten hell Kleeder undoe mat Reflekteren drun. Mä och d'Autosfuerer solle gutt am Verkéier oppassen.

Gidd och dir mat äre Kanner, Crèche, Maison Relais oder Schoulklass haut liichten da maacht e puer Fotoen a luet se gratis bei www.mywort.lu erop. Sou schaaft dir iech an äre Kanner eng schéin Erënnerung un dësen Dag.