Visitt Drëtt-Alters-Kommissioun an der Seniorie Ste Zithe zu Contern

Visite an der Seniorie Ste Zithe Contern

E Freideg den 02. Juni 2023 huet d’Buergermeeschtesch, Mme Zovilé-Braquet, vun der Gemeng Conter an Zesummenaarbescht mat der Drëtt-Alters-Kommissioun, d‘Matbierger aus der ganzer Gemeng op eng Visitt an d’Seniorie Ste Zithe invitéiert. Den Här Collarini, Direkter vun der Seniorie, a Präsenz vun der Amicale vun der Seniorie Ste Zithe Contern, huet d‘Visiteuren häerzlech empfaange mat engem Patt de Bienvenue. Mat enger flotter Präsentatioun huet den Här Collarini den Zithagrupp mat sengen Servicer an de Site Contern virgestallt.

Duerno ass eng guidéiert Visitt vum Site gemaach ginn, wou d’Visiteuren en Abléck kritt hunn iwwert Infrastrukture vun ZithaMobil-Antenne Contern, der „Résidence Ste Zithe“, dem Foyer du Jour „Op der Conter Heed“ an der Seniorie.

Am Laf vum Nomëtteg konnten d’Visiteuren eisen ugebuedenen Aktivitéite vum Dag bäiwunnen: Individuell Therapien, Tovertafel, Turngrupp, kognitiv Aktivitéiten waren nëmme puer Highlight's vun der Visitt. Och eis Assistenzhënn d‘Nala an de Rodeo hunn si kennegeléiert.

Ofschléissend war an der Brasserie fir Iessen a Gedrénks gesuergt, a mir hunn bei flotter Ambiance mam Lisa Mariotto, den Nomëtteg ausklénge gelooss.