Duelemer Guiden a Scouten suergen vir mei Biodiversiteit an hierer Gemeng

Am Kader vum Centenaire vum Guidissem an dem nationalen Dag vum Bam, war e Samsdeg 20ten November 2010 zu Duelem eng Planzaktioun déi sech aschreift an d’Aktioun « 100 Beem fir 100 Joer Guiden ». Dëss Aktioun, déi landesweit leeft ass eng Initiative vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) an der administration de la nature et des forêts, woubei d’LGS d’Planzen bezuelen, e Fierschter vun der Naturverwaltung déi eenzel lokal Scoutsgruppen, bei hiren Planzprojet’en sur place beréit, an d’Scouten selwer déi Beem a Straicher uplanzen. Esou hat de Grupp hellege Mäerten vun Duelem, mat der Ënnerstëtzung vun der Duelemer Gemeng, sech engagéiert, fir hannert dem Scoutshome am Paschtoueschgaart 6 Héichstammuebstbeem, Hambierhecken an 50 laafend Meter Hecken ze planzen, an sou de Site méih schéin, a am Sënn vun der Biodiversitéit méih raich ze maachen.

Weider Fotoen op www.lgs.lu/duelem

Foto:C.Machtelinckx Text: C.Kaufmann