Familientreff

Familientreff vun der Famill Vandivinit

Net manner wéi 132 Nokomme vum Familljenzweig VANDIVINIT-CLEMENS aus Welfréng koumen zesummen, fir bei engem gemittleche Familientreff e puer flott Stonnen a gudder Gesellschaft ze verbréngen.

Eng ganz besonnesch Bedeitung krut dës Zesummekonft duerch de gemeinsame Stammbaam, deen bis op d'Joer 1675 zeréckgeet a bis haut mat vill Engagement weidergefouert gëtt.

D'Familljegeschicht féiert eis zeréck bis Enn vum 17. Joerhonnert, wéi sech e gewëssene Johann Wandivinit zu Helleng néiergelooss huet. Seng Nokomme bloufen zu Helléng bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert. Am Joer 1849 huet de Jean Wandivinit e Meedche vun Duelem bestuet, wouduerch sech dës Familljelinn zu Duelem etabléiert huet. Zwou Generatioune méi spéit ass doraus den Zweig VANDIVINIT-CLEMENS zu Welfréng entstaanen.

Bei engem wonnerbare Maufel, ville flotte Gespréicher an enger häerzlecher Atmosphär gouf gelaacht, erzielt an a schéinen Erënnerungen gebliedert. Et woar e gelongenen Dag voller Freed, Gemeinschaft a familiärem Zesummenhalt.

Dëse Familientreff huet nees gewisen, wéi wäertvoll ët ass, d'Familljewuerzelen ze pflegen, d'Verbindungen tëschent de Generatiounen ze erhalen an d'gemeinsam Geschicht weiderzeginn.