Den 25. Januar 2011 huet den Duelemer Grupp St.Martin seng jäerlech Generalversammlung ofgehalen.
De Grupp ass virun 18 Joer gegrënnt ginn. an ass mat 109 Memberen ( 70 Guiden a Scouten / 19 Chef / 20 Amicale ) dee gréissten jugendlechen Veräin aus der Gemeng.
Den Grupperôt stellt sech aus folgenden Persounen zesummen:
Gruppechef: WATGEN Steve
Gruppechef adj.: VANDIVINIT José an KAUFMANN Carlo
Aumônier: Belanga Jean-Marie
Sekretär: KAUFMANN Carlo
Caissier: SEIL Tim
resp. Biber ( 4 – 7 Joër ): KAUFMANN Marc
resp. Wëllefcher ( 7-11 Joër ): van Asten-Watgen Annouck
resp. AvEx ( 11-14 Joër ): VANDIVINIT Stanislas
resp. CaraPio ( 14-17 Joër ): PINTO Rafael
resp. RaRo ( 17-23 Joër ): Machtelinckx Christophe
Präsident Amicale: OLINGER Paul
Déi wichtegst ugekënnegt Manifestatiounen fir 2011 sinn:
Manifestatiounen 2011:
* 25.Januar eis Generalversammlung
* Scoutskiirmes den 01. an 02. Juni op der Scoutswiss
* 26. Juni Bibertreff zu Duelem
* an all Woch eng ëttlech Versammlungen ofhalen
* Wëllefchercamp zu Bilstrëf
* 15. Juli- 30. Juli AvEx Summercamp zu Colmer-Bierg
* 26.07-07.08 Jamboree a Schweden
* Raro Weekend Paräis an Camp zu Ferrange
* Schnupperdag Samschdes den 01.Oktober
* 1. Advent Adventskränz
weider Infoen fannt dir op www.lgs.lu/duelem