Generalversammlung mat Scheckiwwerreechung

D’Fondation ADIPH, vertrueden duerch d’Madamm Francine Ernster, d’Madamm Liz Linden, den Här Alain Penning an den Här Robert Kieffer, huet der asbl Amis de la Cerisaie vun Duelem de 5. Mäerz 2026 op der Generalversammlung ee generéise Scheck an Héicht vun 10.000 € iwwerreecht.

Weiderhin hunn si fir all Bewunner aus dem Foyer la Cerisaie ee Geschenkbong iwwer jeeweils 250 € iwwerreecht.

Ee grousse Merci kruten si vum Comité vun den Amis de la Cerisaie, souwéi vun de Bewunner an dem Responsaablen Coordinateur Pédagogique aus dem Foyer la Cerisaie.