Schëppen Siwen an Serge Tonnar

An 2 deeg ass et sou wait, dei jonk Newcomer gruppen kreien Frai bühn zu Duelem um Newcomer Festival. Als läscht Newcomer Band présenteiren ech iesch Schëppen Siwen dei sech selwer esou beschreiwen:

Seit 2009 rockt Schëppe Siwen vun Bühn zu Bühn an brengt Stemmung an d'Buud. All Joer koum een neien Member dobai, sou dass d'Unzuel momentan bei 5 Museker lait. D'Musek pendelt tescht traditionellen letzeboieschen Melodien an kelteschem Folkrock. Remzefannen sin souwuel haart Riffs an fex Rythmen wei och spretzeg Melodien an charmant Air'en. Kommt lanscht lauschtren, mat der Garantie dass dir dei gudd Laun waert erliewen.

An als Headliner sinn mir Natierlech frou den Serge Tonnar & Legotrip kennen ze présenteiren, sie sinn Natierlech net als Newcomer do, mee als Headliner fir och dem Publikum eppes bessen méi bekantes ze bidden.

Och sie presenteiren sech selwer esou:
Legotrip sinn ennerwee mat “Klasseklon”, enger Scheiw mat Lidder op Lëtzebuergesch aus dem Serge senger Fieder. Musekalesch bewegt sech desen Trip tëscht Chanson, Folk a Rock, d’Texter, all op Lëtzebuergesch, sinn heinsdo kritesch, heinsdo nostalgesch, meeschtens ironesch an ëmmer éierlech.

De Klasseklon, dat ass deen, deen ëmmer hannen an der Klass souz, deen, deen ëmmer déi beschte Witzen drop haat, awer och deen, deen net mat Kritik gespuert huet an dofir och méih oft wéi déi aner Kanner an der Retenue souz : " Well de Klon ass och Rebell, bréngt och Noriichten aus der Hell, an dann denken d’Leit ganz schnell, dee wär dach besser an der Zell ”.

No "Legotrip" (2003) an "Pärele bei d'Sei" (2008) bleiwt de Serge och mat "Klasseklon" sengem Universum trei, an d'Texter an der Mammesprooch kommen ongefiltert eriwwer, mol wéi d'Faauscht op d'A, mol wéi e Kussi op d'Stir. Hei geet et em d'Schiedsäite vum Liewen an enger Zort "Disnäland", em emotionell Accidenter déi geraumt ginn, em d'Verschwanne vun de Bopebistroen, grad wéi em d'Identitéit vum Kënschtler an enger Gesellschaft déi ëmmer méih vu sech selwer ageholl ass. Awer keng Angscht, de moraleschen Zeigefanger bleiwt do wou en higehéiert, op d'Gitar, an déi éischte Case op der Si-Säit bei engem La mineur Akkord. A wann emol e Fanger gezéckt gëtt, dann ass et héchstens deen aus der Mëtt.

Mir Freen eis op e Flotten Festival an freen eis op äeren Besuch