Astrid Breuer, Janine Mailliet an Christophe Poissonnier stellen aus



Ausstellung „pas si bête“ an der Galerie Maison de la Culture

Dikkrich: Fir déi drëtte Kéier fënnt an der Galerie Maison de la Culture zu Dikkrich d’Gruppenausstellung vum Astrid Breuer, Janine

Ausstellung mam Thema „pas si bête „ass an éischter Linn eng

verstuerwen ass. Dem Armand Weber seng grouss Leidenschaft war d’Realisatioun vun Holzskulpturen aus echtem Eislécker Eechenholz, an een Deel dovunner gëtt mat ausgestallt.

D’Astrid Breuer stellt seng fantasievoll Déiere-Skulpturen aus Keramik aus, d’Janine Mailiet seng Biller hannert deenen eng witzeg Geschicht stëcht, an de Christophe Poissonnier weist seng Biller op eng flott Aart a Weis mam Zitat“quand on observe les animaux, on s’aperçoit qu’ils nous ressemblent beaucoup ou le contraire“.

Di ganz sehenswert Ausstellung an der Maison de la Culture, op Nummer 13, rue du Curé zu Dikkrich an Zesummenaarbecht mam Schäffen- a Gemengerot an der Kulturkommissioun vun der Stadt Dikkrich mat fräiem Entrée ass vum 7. November bis zum 29. November an dat all Dag ausser Méindes, vun 10 bis 18 Auer op.

Am Kader vun der Vernissagefeier huet den Schäffen Paul Bonert a Presenz vum Gemengerot vun der Stadt Dikkrich sech ganz beeindruckt gewiesen iwert di schéi Wierker déi bei deser Ausstellung ze bewonnere sin, an denen dräi Künstler zu hiren schéinen Exponater och häerzlicht félicitéiert, awer och vill Erfolleg an der wonnerbarer Galerie gewënscht. (CR (Fotoen: Charles Reiser)