DIKRICH : Konveniat vum Jargang 1948

Eng 30 Meedercher a Junge vum Jargang 1948 , di vun hire Primärschullkomeroden Christiane Fohl-Assa, Elvire Weber-Kohnen, Jean Lentz an Albert Schumacher ageluede gufen ee flotten Dag ronderëm hire 70.Gebuertsdag ze verbringen, hate sich vru kuurzem fir e Konveniat zu Dikrich afont. Fir d'icht gufen sie an der Gemeng vum Buergermeester Claude Haagen häerzlech empfaang. Nom gemeinsame Mëttigeessen mat Austausch vu ville flotten Erënnerungen aus der Kanner- a Jugendzäit, stung d'Visite vum intressanten Dikricher Musée iwer d'Ardennen-Offensiv um Programm. No engem Tiirchen duerch Dikricher Stroosse guf den unvergeesslechen Dag a gemittlicher Ronn mat engem Patt a klenge Maufel bis gutt an den Owend ran ofgeschloss.