Dikricher Ieselen krute Nowuess.

Den E.S.D. (D'Eselen aus der Sauerstad Dikrich a.s.b.l) ass houfreg Iech matdeelen ze kennen dass de 24. Dezember eist Leila e klengt Meedche krut. Dat klengt ass gesond a monter a suergt fir vill Zuschauer bei hirer Wiss. D'Mamm ass stolz op hiert klengt Meedchen a léist et net aus den Aen.

Vergiesst och net de 7. Februar op Dikrich op déi 37e vun der Dikricher Cavalcade ze kommen. Méi Informatioune fannt der op eiser Homepage: www.cavalcade.lu oder op eisem Facebook Konto: https://www.facebook.com/dikricher.cavalcade