Ergräifend Gedenkzeremonie un d‘Affer vum Massaker vu Sonnenburg (Slonsk)
Dikrech. An Erënnerung un déi 90 jonk zwangsrekrutéiert Lëtzebuerger, déi an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 am Prisong vu Sonnenburg (haut Slonsk a Polen) brutal a sënnlos vun engem SS-Sonderkommando massakréiert goufen, haten d’Fedef (Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme) zesumme mat der Stad Dikrich an hierer Kulturkommissioun an der „Amicale „Ons Jongen a Meedercher Dikrich“ eng grouss Gedekzeremonie organiséiert.
Fir den Ufank vun der Gedenkfeier an der voll besatener Parkierch huet den Député-maire Charel Weiler a senger Begréissungsried bemierkt, datt d’Gedenken un d’Ereegnësser aus dem Zweete Weltkrich an un d’Affer an hier Familljen net nëmmen en Zeeche vu Verbonnenheet a Respekt duerstellen, mee och eng Verantwortung géintiwwer eiser Geschicht bedeiten. Grad an den aktuellen Zäite vun internationaler politescher Ongewëssheet an ëmmer méi grousse Spannnungen wär et wichteg, sech d’Vergaangenheet virun Aen ze halen an dorausser ze léieren.
An engem ausféierleche geschichtlechen Exposé ass de Josy Lorent, President vun der « Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme » a Vizepresident vum « Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale », op den Oflaf vum Massaker vu Sonnenburg agaangen. Virop gouf dobäi festgestallt, datt d’Zwangsrekrutéierung, déi direkt oder indirekt quasi all Famill zu Lëtzebuerg getraff huet, dat gréisste Krichsverbrieche vun den Nazien un der Lëtzebuerger Jugend war. Wichteg wär et ze wëssen, datt déi 90 Lëtzebuerger Affer vum Massaker vu Sonnenburg alleguerten Zwangsrekrutéierter tëschent 19 a 24 Joer waren, déi wéinst „Zersetzung der Wehrkraft“ respektiv „Fahnenflucht“ vun der Nazijustiz zu laange Prisongsstrofe veruerteelt gi waren. Déi éischt Etapp op hirem Leidenswee waren duerno déi berüchtegt Moorlagere vum Emsland un der däitsch-hollännescher Grenz. Am November 1944 sinn d’Prisonnéer vun de Moorlageren an de Prisong vu Sonnenburg tansportéiert ginn. Do ass Panik ausgebrach, wéi bekannt gouf, datt déi sowjetesch Arméi no erukomm wär. Den 30. Januar1945 ass e sougenannten Doudesmarsch lassmarschéiert , et si weider Evakuatioune virbereet ginn an et gouf decidéiert, datt d’Wehrmachshäftlengen net lieweg sollten dervu kommen. Dofir ass en SS-Sonderkommando vu Frankfurt-an-der-Oder op Sonnenburg komm, fir 823 erausgesichte Wehrmachtshäftlengen -ënnert hinnen déi 90 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert- z‘ërschéissen. Sie sinn a Gruppe vun 10 vun den SS-Männer mat Kugelen aus Maschinnepistoulen hannen an de Kapp ëmbruecht ginn. Dat ganzt Gemetzels huet vun ongeféier 10 Auer owes bis géint 2 Auer mueres gedauert. Den 2. Februar 1945, also zwee Deeg nom Massaker, ass Sonnenburg duerch eng Unitéit vun der 8. Sowjetescher Garde-Arméi befreit ginn.
Nom ergräifende Gedicht „Säi lescht Gebiet“ vum Dr. Henri Clees, virgedroe vum Lyn Abdo, Schülerin am Nordstad-Lycée, an der Sonnerie Nationale hunn an enger Zeremonie, déi um ee gaangen ass, Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi ënnert der Regie vum Sergeant Hugo Cardoso d’Nimm vun deenen 90 Lëtzebuerger Sonnenburg-Affer opgeruff a fir jiddereen eng Käerz ugefaangen.
Als offiziell Regierungsvertriederin huet d’Ministerin Martine Hansen op d’Schicksal vun de Sonnenburg-Affer higewisen, fir deenen hiere Courage an hieren Engagement ervirzehiewen: „Sie hunn et gewot fir Neen ze soen zur friemer Uniorm, zur Wehrmacht an zum Nazi-Regime an hunn d’Konsequenze gedroen.“ Um Beispill vun hierem eegene Grousspapp a Monni, déi allen zwee an d’SS-Sonderlager Hinzert komm waren, awer besonnesch och vun den Affer vu Sonnenburg huet d‘Riednerin d’Nazidiktatur als mäerderesche Regime bezeechent an dozou opgeruff, fir d’Lektiounen aus dem Zweete Weltkrich net ze vergiessen: „D‘Erënnerung ass net nëmmem en Akt vu Gedenken , mee och eng Verflichtung fir eis Géigewaart an eis Zukunft.“
Zesummen hunn de Chamber-Vizepresident André Bauler, d’Ministerin Martine Hansen, de Buergermeeschter Charel Weiler an de Fedef-President Josy Lorent eng Gedenkplack devoiléiert, déi vum Paschtouer Romain Richter geseent gouf an deemnächst beim Kräizwee fir d’Zwangsrekrutéierten un der Sauerpromenad ubruecht gëtt. Den Här Richter huet och e Gebiet kombinéiert mat engem Friddensappell geschwat.
Fir de Chamber-Vizepresident André Bauler däerf d‘Gedenken un den Zweete Weltkrich net just eng Zeremonie sinn, mee et soll d’Erfarunge vu virun iwwer 80 Joer wakreg halen an un déi nächste Generatioune weiderginn. An deem Sënn sollte Gedenkfeiere wéi déi vu Sonnenburg net nëmmen op d’Vergaangenheet ausgeriicht sinn, mee gläichzäiteg en Opruff fir äis an eiser Zäit sinn, well d‘Geschicht äis freet, ob mit bereet sinn, aus de Grausamkeete vum Zweete Weltkrich ze léieren an alles drun ze setze, fir datt dat Onmënschlecht onméiglech gemat gëtt.
D’Sandie Lahure huet duerch de Programm vun der Gedenkfeier gefouert, während de Blechbléiserensembel vun der Militärmusek , d’Chorale Ste Cécile Diekirch ënnert der Leedung vum Raymond Majerus a virun allem och den Organist Maurice Clement fir de passende musekaleschen Encadrement gesuergt hunn.
No der Zeremonie huet d’Stad Dikrech eng Receptioun fir all Leit am Festsall vum Internat Jos Schmit offréiert.