Fuesent 2016 mat mywort.lu

www.mywort.lu déi lokal Matmaachplattform mat hiren dräi grousse Rubriken ass ideal fir d'Fuesent.

Am orange Beräich, wat d'Agenda ass, kënnt der äre Fuesbal, Cavalcade oder Kapesëtzung ukënnegen.

Am bloe Beräich, wat den Noriichteberäich ass, kënnt der Fuesfotoe vu fréier bis haut eroplueden, genausou wéi iwwer är Manifestatioun oder äre Besuch op engem Bal oder Cavalcade mat Fotoen an engem klengem Text beriichten.

Am grénge Beräich, wat den Deel vun de klengen Annoncen ass, kënnt der äre Fueskostüm vun d'läscht Joer verkafen a wee weess villäicht fannt der och hei dee passende Kostüm fir dëst Joer.

Dat schéinst u mywort.lu ass awer, dass alles wat dir als privat Persoun bei mywort.lu eroplued, gratis ass.

mywort.lu, dat sidd DIR! Är Manifestatiounen, Är Berichter, är Biller a Videoen! Maacht och Dir mat a gitt een Deel vu www.mywort.lu !

Mir wënschen iech eng flott a witzeg Fueszäit an hoffe vill Ukënnegungen, Fotoen a Berichter kënnen op mywort.lu vun iech ze liesen

Mir hunn Iech sämtlech Fuesbaler, Cavalcaden an aner Manifestatiounen déi Momentan bei mywort.lu ugekënnegt goufen hei ënnendrënner ugehaangen.

Hei si d'Fuesbiller vun de mywort-User:

Kapellen: Kannerfuesbal vum BBC Mambra
http://www.mywort.lu/mamer/51937871.html

Péiteng: D'Gemeng zu Péiteng ass gestiermt!
http://www.mywort.lu/petange/51938332.html

Wäiswampech: D'Fuesend mat de Kanner: http://www.mywort.lu/weiswampach/51938500.html

(Déi hei gewise Fotoe si Beispill Fotoe vun deene läschte Joeren)