Generalversammlung Mateneen Doheem

De 24. März 2011 war eis Generalversammlung am Musée des Véhicules Historiques zu Dikkrich. Di allerwichtigst Noriicht ass fir eis am Moment, datt d'Sonnenhaus zu Klierf, Centre de Jour pour Personnes Polyhandicapées zenter dem November seng eischt 4 Persou'nen obgeholl huet. Mir kämpfen fir dës Struktur zenter 1995. Elo ass d'APEMH de gestionnaire, well mir sin all bénevoles an d'gestion ging eis total iwerfuederen.

Een mi détailléierten Bericht kënnt dir an e puer Deeg liesen. Mir waren och ganz frou', den Aly Kaes, den Jean-Luc Gonner an den Claude Hagen bei eis ze hun.

Hei den Comité 2011: Sonja Lefèbre-Morbus, Linda Malget-Ernster, Christiane Moersch-Schaus, Josiane Gindt-Tholl, Rita Szkolik-Hillmann, Josée Hoscheid-Reuland, Marguy Mootz-Morbus, Eliane Thiel-Rasky an Marianne Tholl-Hoesdorff. D'Chargen gin am 1. comité vum neien Aarbëchsjoer verdeelt.