Groussen Succès um Vernissage vun der neier Ausstellung vum Dikircher Photo-Club

Vill Leit haten sech afonnt e Freideg 5.5. fir den Vernissage vun der neister Ausstellung vum Dikricher Photo-Club. An der Expo "NORDschaften"huelen mir Iech mat ob eng Visitt vun Dikrich, Ettelbréck, Angelduerf an Ierpeldeng. Mir hunn eis entscheet dat ze weisen dat wat mir gutt kennen, dat wat virun eiser Dier ass, awer réischt ob den zweeten Bléck opfällt.

Dës Kollektioun ass eng Gemeinschaftsaarbecht vun de Memberen vum Dikricher Photo-Club (www.dpc.lu) a gouf an de Joren 2019-2022 realiséiert.

D'Ausstellung as nach op bis den 27.5. all Dag ausser Méindes vun 10-18h am Kulturhaus zu Dikrich. En Katalog vun der Ausstellung kann een sur place kafen fir 25€.