Haaptversammlung 2016

De President Carlo Schmitz huet d ‘Memberen begréisst an ass nach eng Kier kuerz op eis nei Philosophie agaangen: versichen déi Jugendlech och fir d’Natur an de Gaart ze interesséieren. Hee war frou matzedeelen, dat de Gaart an heem Dikrich den Emweltpreis vun der Gemeng Dikrich fir 2015 zougesprach krut. Hen huet leider misse matdeelen, dat eisen Ausflug 2016 giff ausfalen, well sich net genuch Lett gemellt hunn!
De Sekretär Jacques Dahm huet, mat Biller ënnermoolt, de Rapport vun 2015 gemaach: Haaptversamlung, 7 Comitéssëtzungen, 2 Ligasversammlungen, Ausflug, Mammendagfeier, Virowend vum Nationalfeierdag, Krautwëschdag, Dagestour, Erntedankfest, Blummeconcours mat Präisverdeelung, Chrëstfeier. Et gouf eng Gedenkminutt ageluecht fir d’Marcy Gravé-Schmit, dat während méi wéi 40 Jar Member vum Comité war an am Dezember gestuerwen ass.
De Kasséier Lucien Hubsch konnt trotz de villen Aktivitéiten e positive Bilan virleeën, de vun de Käskontrollerinnen gudd geheescht gouf.
Et kruten 38 laangjäreg Memberen d ‘Médaillen vun der Liga fir 10, 20, 35 a 50 Joer Memberschaft iwwerreecht.
Bei engem gudde Patt gouf nach bëssen diskutéiert.
Jacques Dahm
Sekretär CTF Dikrich