Virun 30 Joer, de 25. Oktober 1982, ware si zesummen agezu ginn. Op den Appell vum CPL Marc Weber hu sech dëser Deeg 15 Komeroden vun deemols an der Brauerei Bofferding erëmgesinn.
No enger Visite vun der Brauerei an engem Patt hu si nach e flotten Owend bei enger gudder Choucroute garnie am Restaurant Béierhaascht zu Nidderkäerjeng verbruecht. Hei sinn nach déi eng oder aner Spiichten aus der Zäit, déi si zesummen um Härebierg verbruecht hunn, op den Dësch komm.
Mam Verspriechen, sech a fënnef Joer erëmzegesinn, ass dëse schéinen Owend ausgeklongen. (C.)