2700 € fir de Projet "Insulin for Life" vun der ALD

D’Kanner vun der Franziskuspoar aus der Gemeng Déifferdéng hu während hierer Kommiounsvirbereedung mat verschiddenen Aktivitéiten Sue gesammelt a konnten esou der Lëtzebuerger Diabetikerassociatioun ALD e Chèque vun 2 700 € iwwerreechen, fir hiere Projet « Insulin for Life ».

Mat Hëllef vun dësem Projet , kann Insulin a Material fir Diabetiker, wat hei zu Lëtzebuerg nët méi gebraucht gëtt, gesammelt an an Entwecklungslänner verschéckt ginn, z.B. an de Mali, wou d’ALD, zesumme mat der ONG Santé Diabète, Kanner mat Diabetis ënnerstëtzt.