Gala Sportif 2011: De Gast Seil gouf geéiert

Op desem Méindeg Owend huet an der Uewerkuerer Sportshal déi dësjaehreg "Sportler Ehrung" stattfond. Den Héichponkt vun der Soirée waar secherlech d'Eierrung vum Gast Seil, deen fir sain onermiddlechen Asaatz am Sport geéiert gouf. D'Lueflidd op den Gast Seil gouf vum Pilo Fonck gesongen, deen an senger bekannten Art a Weis dei dach impressionnant Statiounen an d'Verdengschter während Jorzéngten vum Gast Seil beliicht huet .

Der niewt goufen um Owend sämtlech Verainer an Eenzelsportler geéiert, déi am Laaf vun deenen leschten 12 Méint, sief et Landesmeeschter, Diviiounseischten, Coupe de Luxembourg asw. gewonnen hunn. An der Entree vum Sportskomplex haaten dei Verantwortlech vum Déifferdenger Velo's Club een Deel vun hirer Ausstellung vun aalen Veloen am Kader vum 100. B-Day ausgestallt.