Nodeems d’Ufro vum Déifferdenger Veräi Philatélia Déifferdeng de Sylvère Plumer mat der héchster Auszeechnung vun der Timber Federatioun auszezeechnen um 83e Kongress ugeholl gouf, huet de President Lars Böttger virun e puer Deeg dem Sylvère Plumer fir seng Verdéngschter d’Plaquette de Reconnaissance offiziell iwwerreecht. Anengems huet hien och d’Verdéngschtnol a Vermeil iwwerreecht kritt.
De Sylvère Plumer huet eréischt 1977 am Alter vun 30 Joer ugefaange mat Timbere sammelen. Schnell wor hien an der Federatioun engagéiert, an der Commission de Liaison als Sekretär, an der Commission d’Etude wou huet hie gehollef huet u Katalogen ze schaffen. Hien huet seng Sammlungen am Inland wéi och am Ausland ausgestallt, huet Artikele geschriwwen a Virträg am eegene Club a bei anere Clibb gehalen.
Zou Déifferdeng am Veräi wou hie vun 1977 u Member ass wor hien och engagéiert am Kommitee, als Keeserevisor an huet dem Veräin seng Bibliothéik verwalt.
Foto:
vlnr: Michel Kirsch (President vun der Philatélia Déifferdeng), Jeannot Piron (FSPL zoustänneg fir de Süden), Sylvère Plumer (Laureat) a Lars Böttger (President vun der FSPL)