Nei Homepage fir d'Harmonie Municipale de la Ville de Differdange

Fir d’Fusioun vun den Harmonien Déifferdeng, Uewerkuer a Lasauvage am Ufank vum Joer 2012 ze feieren, hu mir eis decidéiert dem Site "www.hmdifferdange.lu" fir dësen Ulass e neit Gesiicht ze ginn. Deen neien Design, dee vun eisem Klarinettist Michel Pereira mat vill Schweess op d’Bee gestallt gouf, soll den Opbroch verkierperen, deen dës Fusioun fir eise Veräin duerstellt. Jonk an dynamesch spigelt de Site d’Stëmmung am Veräin erëm a weist mat wéivill Aarbecht a Freed jonk a manner jonk Musikanten a Musikantinnen, wéi och de Comité an all déi Leit, déi eis ënnerstëtzen, matwierken.

Am Virdergrond steet natierlech d'Musek. Si soll, an de Wierder vun deem neie Präsident Roland Kayser “Brécke schloen” zu ville wichtege Beräicher vum Liewen. Et solle Brécke geschloe ginn zur Molerei, zur Literatur, zum Gesang an zum Film, also zur Kultur am allgemengen. Mee am wichtegsten ass, datt d’Musek Brécke schléit zu de Mënschen, net nëmmen an der Staat Déifferdeng, mee wäit iwwert hir Grenzen eraus. Esou zum Beispill zu anere Museken, wéi een dat scho bei Manifestatioune wéi dem Live am Park, deen och dëst Joer erëm am Park Gerlache wäert stattfannen, konnt gesinn. Mee och zu anere Länner a Kulture solle Brécke geschloe ginn, wat ënner anerem mat Reesen an Italien a Portugal vun der HMD an der HPG och a leschter Vergaangenheet de Fall scho war. A genausou wëlle mir weider fueren. De Leit vun alle Generatiounen an allen Ecke vun der Gemeng a vum Land eis Musek méi no bréngen an hinnen eng Freed domadder maachen. An deem Sënn wënscht d'Harmonie Municipale de la Ville de Differdange hire Frënn a Fans an och sech selwer e produktiivt an interessant Joer 2012.

Link: www.hmdifferdange.lu