Den 18. Dezember 2025 war d’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) op Besuch an der Maison Relais Differdange-Centre am Kader vun enger Scheckiwwerreechung. Bei hirem Wanterfest 2025 haten d’Kanner, zesumme mat hiren Educateuren, eng Zomme vu 565 Euro gesammelt, déi si der Fondatioun bei dëser Geleeënheet iwwerreecht hunn. Dës Suen hëllefen der Fondatioun, hir Missioun wéiderzeféieren, a Leit mat Autismus z'ënnerstëtzen.
Nieft der Scheckiwwerreechung huet d’Fondation Autisme Luxembourg d’Geleeënheet genotzt, de Kanner Autismus op eng altersgerecht Aart a Weis z’erklären, a si scho fréi fir Toleranz, Respekt an Diversitéit ze sensibiliséieren. Dëst dréit dozou bei, d’Verständnis fir Mënsche mat Autismus schonn am jonken Alter ze fërderen an erlabt et de Kanner, méi tolerant géintiwwer anere Kanner ze sinn, a Verhalensweisen ze verstoen, déi heiansdo als „anescht“ empfonnt ginn.
Wéi wichteg dëse Rolle vun der Opklärung ass, gëtt och am neie Slogan vun der Fal kloer: „Tous acteurs, tous concernés. De Slogan, dee fir dat 30-järegt Jubiläum am Joer 2026 ausgewielt ginn ass, ënnersträicht, datt jidderee Verantwortung huet, fir d'Inklusioun vu Leit mat Autismus z'ënnerstëtzen an eng oppen a tolerante Gesellschaft matzekéieren.