Don vun der CSV Dippech fir d'Île aux clowns asbl

Kuerz virun der grousser Vakanz hat d‘CSV Sektioun Dippech hiert éischt Summerfest am Park hannert der Gemeng zu Schuller organiséiert. Flott Spiller fir Kleng a manner Klenger stoungen um Programm, Iessen an Drénken koumen natierlech och net ze kuerz. Den Erléis vum Dag gouf bei enger klenger Feier un d’Associatioun Île aux Clowns gestëft. E grousse Merci un all déi, déi zum groussen Erfolleg vum Dag an och zum generéisen Don bäigedroen hunn! D‘Editioun 2020 ass schonn a Virbereedung.