Diddeleng. De Comité vun der Chorale St. Martin hat den 28. Februar 2025 op hir Generalversammlung am Centre Saint Martin zu Diddeleng invitéiert. No der Begréissung vun de Gemengevertrieder an alle Gäscht huet d’Presidentin Marguy Braquet-Schalz deenen zwou Dirigentinne Mme Biren-Kettel Monique a Mme Schalz-Kirsch Simone an all hire Sängerinne Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht. No engem ausféierlechen Aktivitéitsbericht konnt och op eng gesond Keess gekuckt ginn.
Mme Kayser-Wengler Michèle aus dem Gemengerot a Presidentin vun der CSV Sektioun Diddeleng souwéi de Paschtouer Leon Weber hunn dem Chouer e grousst Luef ausgeschwat an och net mat Komplimenter fir déi gutt Aarbecht gespuert!
D‘Dirigentin Mme Monique Biren-Kettel huet de Sängerinne Merci gesot a si motivéiert fir déi nächst Projeten esou virun ze fueren. Den Owend gouf zesumme gemittlech bei engem gudde Patt ofgeschloss.