D'Theaterfrënn spillen "Am Himmel ass keen Zëmmer fräi"

Mam Hierscht kënnegt sech déi nei Theatersaison un. D'Diddelénger Theaterfrënn, déi an de vergaangene Joren esouguer déi kriteschst Spectateuren mat hire Leeschtungen iwwerzeege konnten, stinn och dëst Jor nees fir den Optakt vun der Theatersaison op de Brieder déi d’Welt bedeiten.

Zënter e puer Wochen sinn d’Akteuren an d’Aktricen, ënnert der Regie vum Pierre Zoenen, mat voller Begeeschterung am Gaang ze prouwen, fir datt bei der Première, déi den 13. November  ass, alles optimal leeft.

Gespillt gëtt dëst Jor d’Boulevardtheaterstéck "Am Himmel ass keen Zëmmer fräi" vum Jean Stuart, dat vum Marc Herman an d’Lëtzebuergescht iwwersat ginn ass.

D’Stéck fänkt mat engem Prolog am Himmel un. De Pol, ee net bestuede Geschäftsmann, trëtt liicht duercherneen an zerrassene Kleeder op. Hien weess weder, wou hien ass, nach wat him geschitt ass. Een wäiss gekleete Mann, et kéint een hien Péitrus nennen, kläert hien op: De Pol ass elo just an ee Bam gerannt an déidlech verongléckt. Mee well am Himmel den Haaptcomputerprogramm ofgestierzt ass, an fir de Paul do uewen am Moment keen Zëmmer fräi ass, gëtt hien huerzerhand nees op d’Erd zeréckgeschéckt...

Wien also wësse wëllt wéi dës Geschicht ausgeet, däerf op kee Fall dest Stéck verpassen.

Ënnert der Regie vum Pierre Zoenen spillen Marc Herman, Bernie Blom, Marc Fock, Claudine Herman, Christian Pirsch an Josée Biever, Am Pëspereck sinn d’Davina Parrasch an de Raymond Etringer.

D’Première ass samschdes, den 13. November 2010 ëm 20.15 Auer. Weider Virstellungen sinn de 14.; 20. November an de 4. Dezember 2010. Sonndes, den 21. November ass eng Matinée ëm 15.15 Auer. Gespillt gëtt zu Diddeleng am "Centre Paroissial St. Martin" bei der Kiirch.

Plazen kënnen am Virverkaf um Telefon 510 136 oder iwwer Internet www.diddelenger-theaterfrenn.lu reservéiert ginn D’Keess ass eng Stonn virun all Virstellung op.