Generalversammlung vun der Chorale St. Martin vun Diddeleng

Diddeleng. Viru Kuerzem huet d‘Chorale St. Martin hir Generalversammlung am Centre Saint Martin zu Diddeleng ofgehalen. No der Begréissung vun de Gemengevertrieder an alle Gäscht huet d’Presidentin Marguy Braquet-Schalz deenen zwou Dirigentinnen Mme Biren-Kettel Monique an Mme Schalz-Kirsch Simone an all hiren Aktiven Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht wärend dem Joer. No engem ausféierlechen Aktivitéitsbericht konnt och op eng gesond Keess gekuckt ginn. Eng Gedenkminutt gouf fir déi Verstuerwen ofgehalen, besonnesch fir d’Madame Lucie Lang, laangjäreg Dirigentin a Sängerin, déi eis kierzlech verlooss huet.


E weidere Punkt um Ordre du jour war d’Medaileniwwerreechung vum Piusverband. Ausgezeechent goufen: Flora de Zorzi mat der Insigne (5 Joer), Marie-Rose Kickert-Tibor a Josiane Poeckes-Origer mat der Médaille en bronze (10 Joer), Monique Biren-Kettel mat der Médaille en argent (20 Joer), Tania Leyers-François mat der Médaille en or (30 Joer) a Nancy Back-Kelsen mat der Médaille avec palmettes (40 Joer).


Zum Schluss huet den éischte Schäffen Loris Spina der Chorale fir hir gutt Aarbecht gratuléiert. De Paschtouer Edmond Ries huet déi onermiddlech Asätz vun den Dammen aus der Chorale St. Martin gelueft an hinnen weiderhin alles Gutts gewënscht. D‘Dirigentin Simone Schalz-Kirsch huet hire Sängerinnen Merci gesot a si motivéiert fir déi nächst Projeten esou virun ze fueren. Den Owend gouf zesummen gemittlech bei engem gudde Patt ofgeschloss.