Marco Capitani 4. Plaatz op den Powerlifting-Weltmeeschterschaften

Den Marco Capitani vum CAD-Power huet op den Powerlifting Weltmeeschterschaften vun der WPF (World Powerlifting Federation) zu Bath an England mat enger perséinlecher Beschtleeschtung vun 162,5 kg am Bänkdrécken an senger Kategorie (-100 kg Kierpergewiicht Masters 2) déi 4. Plaatz beluecht. Éischten ass den Englänner Tony Brown virum Amerikaner Stacy Dedrick an dem Englänner Terry Smith. Matt senger Leeschtung huet den Marco Capitani seng al perséinlech Beschtleeschtung em 15 kg an seng Leeschtung vun der EM zu Amsterdam (2009) gläich ëm 17,5 kg verbessert. Den nächsten groussen Rendezvous ass nächst Joer d'Europameeschterschaften an Irland.