Soroptimist Club Minett iwwerreecht Scheck vun 3.000€ un d'Fondatioun SOLINA '

De Soroptimist Club Minett S.I. huet der Fondatioun Solina OP DE PATTEN e Scheck vun 3000 € iwwerreecht, fir hiert soziaalt wichtegt Engagement ze ënnerstëtzen.


Fondatioun Solina OP DE PATTEN hëlleft Kanner a Jugendlechen a psychosozialen Noutlage mat Hëllef vun Déieren e.a. hier traumatesch Erfarungen opzeschaffen, hiert Selbstwäertgefill ze stäerken a sozial Bindungen erëm opzebauen.


Soroptimist International ass eng weltwäit Organisatioun vu Fraen, déi sech asëtze fir d’Verbesserung vun de Liewensbedingunge vu Fraen a Kanner, duerch Projeten am Beräich vun Erzéiung, Gesondheet a sozial Gerechtegkeet.