„ULCERE DE BURULI“

Déi fréier Schülerinnen vun der Schwester Danièle soe

MERCI!


D’Schwëster Danièle Kayser schafft nach ëmmer op der Elfenbeinküst mat Kanner, déi den „Ulcère de Buruli“ hunn. Hir fréier Schülerinnen versichen zanter 10 Joer si an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen. De 26. August haten si nees ee Floumaart zu Diddeleng. Op dësem Floumaart konnten si d’Schwëster Danièle begréissen. Si verbréngt am Moment hir Vakanz hei zu Lëtzebuerg an huet sech et net huele gelooss fir dëse Floumaart besichen ze kommen wou si och de ganzen Erléis mat kritt huet. Deen Dag konnt si de Leit, déi um Floumaart waren, perséinlech Merci soen fir d’Ënnerstëtzung. Si seet awer och all deene ville Leit villmools Merci, déi si, mat dem Kaf vun de Saachen, déi d’ganz Joer vun hire Schülerinnen ugebueden ginn, ënnerstëtzen.

Déi fréier Schülerinnen vun der Schwëster Danièle freeën sech, dass esou vill Leit ëmmer nees bei si kafe kommen a soen hinnen villmools Merci.

Deen nächste Floumaart, an dee leschten fir dëst Joer, ass den 30. September op der selwechter Plaz „am Duerf“ zu Diddeleng.

Bastelaarbechten fir den „Ulcère de Buruli“ ginn d’ganz Joer bei „Arlette Créations“ verkaf. Do kann een och Informatiounen iwwert den „Ulcère de Buruli“ kréien.