Diplomiwwerreechnung an der Iechernacher Museksschoul

Den 16. Oktober war d'Remise des Diplômes vun der Regionaler Museksschoul Iechternach am Trifolion a Presenz vum Commissaire du Gouvernement à l'Enseignement musical, dem Här Gilles Lacour. 

Dësst Joer goufen 333 Diplomer virun engem volle Sall am Trifolion iwwerreecht an dat och ëmmer jeeweils zesumme mat de politesche Vertrieder vun de verschiddenen konventionéierten Gemengen.

Den Optakt vum Owend huet den Orchestre des Lauréats ënnert der Leedung vun eisem Enseignant, dem Här Christophe Terver, gemaach. Dësen Harmoniesorchester ass speziell fir dësen Owend mat Schüler déi e Concours 2025/2026 gemaach hunn, zesummegesat ginn. Weider goung et du mat der Begréissung vun der Madamm Députée-Maire Carole Hartmann. Si huet d’Wichtegkeet vun esou Orchesteren nach emol ënnerstrach an an deem Kontext den 15. Anniversaire vum Orchestre des Jeunes de l’Est ernimmt, e weidere Projet, deen eis Jugend an eise Gemengen musikalesch verbënnt an motivéiert. Si huet de Schüler fir hier aussergewéinlech Leeschtunge gratuléiert huet an och allen Enseignanten an der Administratioun häerzlech Merci gesot huet fir hiren onermiddlechen Asaz dat ganzt Joer. Och alle Gemengen huet si e grousse Merci ausgesprach fir déi gutt Zesummenaarbecht an Ënnerstetzung. Duerno huet en weidere groussen Ensembel mat Gitarren a Mandolinnen zwee flott Stécker duerbruecht.

D'Directrice Nadine Eder huet an hirer Ried déi nei Reformen erkläert, déi dëst Schouljoer a Kraaft trieden. D’Formation musicale kritt nei, méi praktesch orientéiert Programmer. D’Epreuven an den Instrumental- a Gesangsconcouren ginn op eng Epreuve reduzéiert an zousätzlech dozou wäert eng Evaluatioun vum Enseignant mat an d’Resultat fléissen. D’Motivatioun vum Schüler hir musikalesch Aktivitéit iwer Joren fortzeféieren, soll am Virdergrond stoen, mat flotten Concerten, Auditiounen a Projeeën d’ganzt Joer iwer, sou wéi dat an der Iechternacher Musekschoul schon ëmmer d’Devise wor. Eis grouss Spektakelen, Percussioun, Danz an och Gesangsspektakelen sinn hei de beschte Beweis. D'Directrice huet der Gemeng Iechternach, alle konventionéierte Gemengen an dem Ministère de l'Education ee grousse Merci ausgeschwat fir hier Ënnerstëtzung. De Concert ass mat engem flotten Optrëtt vun eise Formation Chorales Klassen, ënnert der Leedung vum Nicole Thomé, an engem Optrëtt vun eisen Danzklassen, weidergaang.

Ier et dann zur eigentlecher Remise vun den Diplomer iwwergaangen ass, huet den Här Gilles Lacour d'Enseignanten an d'Schüler fir hiren Engagement an hier Leeschtunge gelueft an huet och den Elteren hier Ënnerstëtzung an Evidenz gesat an hinnen ee grousse Merci ausgeschwat. Hien huet der Gemeng Iechternach an alle konventionéierte Gemengen seng Dankbarkeet fir hier finanziell Participatioun ausgeschwat, fir dass d'Kanner, déi Jugendlech an och déi erwuesse Schüler weiderhi vun enger exemplaresch musikalescher Ausbildung an de Gemenge kenne profitéieren.