E Scheck vun 2.500 Euro fir d'Kannerheem St. Vinzenzhaus vu Speicher (D)

De 5. Dezember 2023 huet den Rotary Club Iechternach-Musel 2.500 Euro un d'Kannerheem St. Vinzenhaus vu Speicher (D) gespend. Den Don gouf méiglech duerch e Spendenopruff vun engem vun eisen Memberen, dem Hans-Peter Bohlen, am Kader vun dem 90. Anniversaire vun Bohlen Constructions Métalliques vun Iechternach a Bohlen AG Speicher. Mat dësem Don ginn Wunngruppen fir Kanner a Jugendlëcher ënnerstëtzt, déi kuerz- oder längerfristeg net an hirem gewinnten Ëmfeld oder bei hiren Famillen wunnen kënnen.