LCE: Konveniat Promotioun '97

20 Jar no hirem Ofschlossexamen huet gutt d'Halschent vun de Kollegen sech zu Iechternach am Lycée erëmgesinn. Bei der Visite vum neien Deel vum Gebai, der aler Gendarmerie, huet déi deemoleg Matschülerin Anabel Witry déi néideg Explikatioune ginn. Nom Aperitif am Kräizgank ass bis an de fréie Moien eran an der Hierber Brennerei gefeiert ginn. D'Erënnerungen un déi flott Zäit am Iechternacher Lycée sinn opgefrëscht a vill Anekdoten si gezielt ginn.