Brout baken am KultOUR-Dëppen zu Eesbéch a fairt Frühstück

Eise faire Kaffisdësch sollt bëssen aneschter gin, an zwar wollte mir eist Brout fir dësen Dag mol selwer baken. Mir dat sen d'AvEx an d'CaraPio vun Housen-Houschent.
Mam KultOUR-Dëppen Eesbéch gouf Kontakt geholl, well hei gëtt ët en flotten Bakuewen, wou zu all Moment e kann eng Ufro man, fir Brout baken ze goen. Schon fréi war de Michel e Samsdeg fir eis um Dill fir d'Feier unzemaachen, fir dass den Uewen och déi richteg Temperatur huet fir Brout ran ze schéissen. Um 8:30 si mir ugetrueden an hun bis Mëtteg eng 12 kg Lëtzebuerger Miel verbak. Hei as vill Muskelkraaft gefrot,mat groussem Asaz hu mir den Deeg geknätscht a geklappt. Brout gouf geformt, an an den Uewen geschoss. Duerno hu mir rëm Holz gerass, well den Uewen huet rëm fir Mëttes musse nei gehëtzt gin. Um 14:30 as déi 2. Equipe dunn ugetrueden. Och sie hunn hiert Bescht ginn an nach 10 kg Miel verschafft.

Sonndes moies ware mir, trotz Auer réckelen rëm um 7 Auer am Asaz. Et huet geheescht Dëscher decken, Ham a Kéis schneiden, Kaffi kachen, keng Angscht, mir haten net eis Strëmp geholl fir en duerch lafen ze loossen, och wa mir Guiden/Scouten sinn, mir woussten, dass mir net um Camp wären, mä an engem ëffentlechen Lokal, an hunn dem Michel seng Kaffismaschinn benotzt. Um 8:30 waren och well eis éischt Gäscht do. Eist Brout ass all fort et gouf op der Platz gies oder kaaf fir mat hem.

Mir hatten 80 Leit un eisem Kaffisdësch a mir selwer konnten et och net loossen eist Brout ze genéissen a Kaffi ze drénken iert et lass goung. Sou goufen den Moien 18 Liter fairen Orange-Jus, 1 Këscht Schoko Rice crispies an 2 Honey Balls, 2 Tuten Popquins, 3 kg Kaffi, Cocoba, a Maya Hunneg aus dem Weltbuttek Dikrech genoss. Weider hu mir 13 Liter fair Mëllech, 80 lues gekachten Eeër, selwer gekachtend Gëbes, Bäerdrefer Kéis, Saucisse vum Dikrecher frësch Maart, an réi a gekachten Ham mat Bio Label, déi de Michel eis besuergt hat verdreckt.

Fir eis war et eng flott Erfarung ze wëssen an ze gesinn, dass dat, wat mir Essen net ouni Aarbecht méiglech ass. Eisen Asaz awer huet sech gelount. d'Leit hunn eist Brout ganz gutt fonnt, a gemengt:
"Et ass wéi an der Vakanz, dat kennt dir méi oft man, mir kommen"!

Mir soen Merci d'AvEx an d'CaraPio

Weider Fotoen ennert www.lgs-houhou.lu