Kierzlech huet de LIONS CLUB GEHAANSBIERG d’Vertrieder vu 4 lëtzebuergeschen Associatioun‘en an d’Rameaudière op Elléng/Gare agelueden.
Wéi de Präsident Jerry Geimer a senger Agangs-Ried erklärt huet, sin et Member selwer vum LC Gehaansbierg, déi sech geziilt Projet’en an Associatiounen iwwert Joer eraus sichen, déi et gëllt finanziell z’ënnerstëtzen, gemäss dem Mot d’Ordre vum Lions:
‚WE SERVE‘.
Dëss Kéier goufen dofir Schecker iwwer jeweils 3300 € ausgedeelt un
- d’Associatoun ‚Hellëf fir de Puppelchen‘, déi sech schons zanter 40 Joër fir Förderung a Begleedung vu klenge Puppelcher hei zu Lëtzebuerg asetzt,
- un d’Association ‚Médecins du Monde‘, déi deenen Leit medizinesch Behandlungen offréiert, déi um Bord vun eiser Gesellschaft liewen
- un d’Associatoun ‚Wonschkutsch‘, déi palliativ Patienten nach e leschte Wonsch erfëllen, an
- un d’Associatioun ‚TamTam White & friends‘, déi Kanner aus sozial-schwaache Familjen fir Chrëschtdâg alued a beschenkt.
E grousse Applaus a déiwe Respekt gung un d‘ Vertrieder vun deenen 4 Associatounen fir hier alldeeglech Arbecht am Déngscht um Mënsch, déi si a kuerze Virtreeg präsentéiert hun.