Opruff: Ween hëlleft eng Tonn Quetschekraut zu Elleng kachen? All Hëllef ass wëllkomm!

Amicale Elléng A.s.b.l.
www.elleng.org

Kachen vun ca. 1000 kg Quetschen


D’Virbereedungen fir eist 32. Quetschefest lafe schons, a wéi all Joers stin eng Rei Aarbechten un, déi nëmmen a gudd organiséierter Teamaarbecht bewältegt kënne gin an déi och net ouni daat guddgewëllten Matmaachen vun den Ellenger méiglech wäeren.

All Hëllef, egal wéi grouss oder wéi kleng se ass, ass wëllkomm.

Mellt Iech w.e.g. op dëser Adress: amicale.elleng@internet.lu

D’Kachen vum Ellenger Quetschekraut ass erëm am Schoulhaff resp. Ellénger Schoul.

Kachen vun ca. 1000 kg Quetschen
Samschdes, den 20. August 2011 vu 6:00 Auer un (+/- 7 Kesselen)

Aarbechten, déi ufaalen:
Schoulhaff préparéieren, d’Feier ufänken, d’Quetsche wäschen ...
Bäi de Kesselen musse Leit sin fir ze réieren ... Holz muss gerass an nogeluecht gin ...
D’Bidden mam Reider musse rapid bedéngt gin …
Zocker derbäi man, an d’Glieser afëllen asw. muss mat villen Hänn gemaach gin ...
Schlussendlech erëm alles botzen an ewechraumen ...

Mir freën eis op all begeeschtert Mathëllef. Avis aux amateurs!


Amicale Elléng A.s.b.l.
Raymond Goedert, Prësident